|
21-23
Juni 2008
Konzertreise nach Kehlen/Bodensee (DEU)
Flyer:

175-jähriges Jubiläum unseres
Partnerschaftsvereins :
<<Musikverein Kehlen/Bodensee>>

www.mv-kehlen.de

--> Galerie de photos / Fotogallerie / Pictures
<--
Op
Aluedung vum Musikverein Kehlen vum Bodensee, war d’Kielener Musek
de Weekend vu Nationalfeierdag mat ronn 80 Leit an eis Partnergemeng
Meckenbeuren gefuer. De “Musikverein Kehlen” feiert dëst Joer,
hieren 175ten Gebuertsdag, mat Festivitéiten iwwert d’ganzt Joer
verdeelt.
No enger lëschteger Busrees, si mir Samschtes owes vun eisen
däitsche Kollege gutt empfaang gin, a no enger Prouf an der Kierch
ass et op d’Junikäferparty gang.
Sonndes Moies stung dunn de “Festgottesdienst” um Programm, wou
d’Kielener Musek, zesumme mam Gesanksgrupp Voice’z eng struppevoll
Kierch, méi wéi begeschtert huet. Mëttes gung et du weider mam “Jubiläumsumzug”,
wou 62 Gruppen a Museken, ronn 1800 Leit, bei méi wéi 34 Grad am
Schied, geschweest hunn. Am Nomëtten hunn eis Musikanten dann nach
emol missten untrieden, an engem rieseg groussen Zelt. Obwuel déi
aaner Museken zweemol méi Leit hate wéi mir, a mir am viraus gemengt
hatten, mir géinge mat Glanz a Gloria ënnergoen, war de Publikum vun
eis begeeschtert.
Spéitstens deen aaneren Dag, no enger gudder Goulaschzopp, wou
d’Heemrees schonn erëm ugesot war, koont ee gesinn, dass déi
Partnerschaft net nëmmen um Pabeier fonktionnéiert: hei huet eng
oder déi aner Tréin missten gedréchent ginn. Alles an allem war et e
lëschtegen, flotten Ausflug fir Jonk an Al. Vun dëser Plaz aus, soe
mir der Gemeng Kielen an dem Comité de Jumelage „Villmools Merci“
fir d’Ënnerstëtzung. |